Arnulfinger

Arnulfinger ginn d'Nokomme vum Bëschof Arnulf vu Metz genannt. Si sinn, zesumme mat de Pippiniden, eng vun den dynastesche Linnen, déi bei d'Karolenger geféiert hunn. Den Arnulf vu Metz gouf méi spéit helleggesprach.

Den Arnulfinger hir Muecht ass entstanen duerch déi enk Allianz, déi den Arnulf an de Pippin den Eeleren haten. Béid ware se d'Cheffe vum austraseschen Adel. Dem Pippin seng Duechter Begga gouf mam Arnulf sengem Jong Ansegisel bestuet. Den Arnulf an de Pippin den Eelere waren och d'Haapt-Instigateure vun der Adelsrevolt géint d'Kinnigin Brunichild.

Nodeem de (pippinideschen) Hausmeier Grimoald 661 domat versot hat, d'Muecht u sech ze rappen, goung dës iwwer un de Jong vum Ansegisel a vum Begga, de Pippin de Mëttelsten. An der Schluecht bei Tertry (687) huet dësen iwwer den neustreschen Hausmeier Ebroin gewonnen, a sou d'Muecht fir sech eleng am merowengesche Räich.

Dem Pippin seng Jonge kruten all Schlësselpositiounen: De Grimoald de Jéngere gouf géint 700 Hausmeier vun Neustrien, den Drogo gouf Dux an der Champagne. De Karl (dee spéider de Bäinumm Martell krut), an dee Jong vum Pippin an deem senger "Niewe"fra war, gëllt als Neigrënner vun der Dynastie, déi no him a vun him un "Karolenger" genannt gëtt.

D'Lännereie vun den Arnulfinger louchen an der Géigend vu Metz a Verdun, déi vun de Pippiniden an den Ardennen, am Haspengau an an Toxandrien.


Developed by StudentB