Den Aspis (algr. fir « Schëld »), och fälschlecherweis Hoplon fir d'Schëld vun den Hoplite genannt, war eng Verdeedegungswaff an der Antiquitéit fir d'Infanterie an d'Kavalerie. Den Aspis huet eng grouss Evolutioun an der Form an am Material kannt.
Wärend der minoescher Zäit gouf et en Aspis a Form vun enger 8, deen aus Holz a Kouhaut gemaach war. D'Lieder gouf dréchne gelooss, a war immens resistenz géint Fäiler a souguer géint Lanzen. A mykenescher Zäit koum eng zweet Form vun Aspis eraus, aus de selwechte Materialien. De sougenannten "Tuerm-Aspis" war bal sou grouss wéi e Mann, a rechteckeg, den ieweschten Deel war ofgerënnt. Ëm 1200 v. Chr. gouf et och méi kleng Versioune vun de Modeller a Form vun enger 8 an a Form vun engem Tuerm.
Vun der thrakescher liichter Infanterie, de Peltasten, gouf vum 6. bis 4. Joerhonnert de Peltè gedroen. Dëst Schëld hat d'Form vun engem Croissant, an huet aus enger hëlzerner Armatur bestanen, déi mat Déierenhaut iwwerzu gouf. Dacks waren um Peltè och Zeechnungen ze gesinn.