D'Bibel (gr. τα βιβλια - Bicher) ass d'Helleg Schrëft vun de Chrëschten. Et handelt sech ëm eng Sammlung vu Bicher a Bréiwer, déi tëscht 1000 v. Chr. an 100 n. Chr. am Mëttelmierraum geschriwwe goufen. Den Inhalt vun dëse Bicher ass ganz verschidden, sou fënnt een z. B. Heldenepen, Gesetzsammlungen, Spréchwierder, Berichter, Erzielungen, Gedichter, Gebieder, Bréiwer. Meeschtens ass den Inhalt mat dem jiddesch-chrëschtleche Gott a Relatioun.
Déi chrëschtlech Bibel besteet aus zwéi groussen Deeler, dem sougenannten Alen Testament an dem Neien Testament. Dat Aalt Testament ass gréisstendeels op Hebräesch geschriwwen an entsprécht der jiddescher helleger Schrëft. D'Neit Testament, dat op Griichesch geschriwwen ass, gëtt just vum Chrëschtentum unerkannt an handelt haaptsächlech vum Jesus. Fir den Islam ass d'Bibel och e wichtegt Buch, awer laang net sou wichteg wéi de Koran, dee fir d'Muselmanen dat onverfälscht Wuert vu Gott verkierpert.
Am 4. Joerhonnert gouf d'Bibel integral op Latäin iwwersat (Vulgata). Am 16. Joerhonnert huet de Martin Luther d'Originaltexter op Däitsch iwwersat. Am Protestantismus hat d'Helleg Schrëft zanterhier en héije Stellewäert. An der kathoulescher Kierch gouf déi wichteg Roll vun der Bibel beim Zweete Vatikanesche Konzil ënnerstrach: D'Bibel soll net nëmmen als Zitatereservoir gëlle fir Léieren ze justifiéieren, mä als sollech an als Ganzt eescht geholl ginn.
D'Wëssenschaft, déi sech mat der Ausleeung vun der Bibel befaasst, gëtt Exeges genannt. Hei gëtt et verschidde Richtungen. Am bekanntsten ass déi historesch-kritesch Exeges, déi den historeschen Entstéiungshannergrond vun den Texter studéiert, sou wéi d'Entstoen an d'Wuesse vun den eenzelen Texter, déi a ville Fäll e puermol modifizéiert an ergänzt gi sinn.