Burt Lancaster | |
---|---|
Gebuertsnumm | Burton Stephen Lancaster |
Gebuer |
2. November 1913 New York |
Gestuerwen |
20. Oktober 1994 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | New York University |
Aktivitéit | Filmproduzent, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmregisseur, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Zirkusartist, Schauspiller, Offizéier, Regisseur, Schrëftsteller, Militär |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Norma Anderson |
Kanner | Bill Lancaster, Joanna Lancaster, Susan Lancaster, Sighle Lancaster, Jimmy Lancaster |
De Burt Lancaster, gebuer als Burton Stephen Lancaster den 2. November 1913 zu New York a gestuerwen den 20. Oktober 1994 zu Century City war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmproduzent a Filmregisseur.
De Burt Lancaster krut am Film noir The Killers (1946) vum Robert Siodmak no enger Geschicht vum Ernest Hemingway seng éischt Roll an engem Film. Duerno ass hien am Abenteuerfilm The Flame and the Arrow (1950) vum Jacques Tourneur an am Piratefilm The Crimson Pirate (1952) vum Robert Siodmak opgefall.
Seng éischt grouss dramatesch Roll krut hien am Krichsdrama From Here to Eternity (1953) vum Fred Zinnemann.
An den 1950er Joren huet hien an de Western Vera Cruz (1954) vum Robert Aldrich a Gunfight at the O.K. Corral (1957) vum John Sturges eng Haaptroll iwwerholl..
Hie krut fir seng Roll als dämonesche Wanderpriedeger am Film Elmer Gantry (1960) den Oscar als beschte Schauspiller.
De Luchino Visconti huet him am Film Il gattopardo (1963) als Principe Don Fabrizio di Salina eng vu senge schéinste Filmrollen offréiert. Onvergiesslech ass déi Zeen wou hien op engem Bal eng Walz mat der jonker Clauda Cardinale danzt.
Duerno ass hien och nach an aneren interessante Filmer wéi am Western The Professionals (1960) vum Richard Brooks, am Krichsfilm Castle Keep (1969) vum Sydney Pollack, am historesche Filmdrama Novecento (1976) vum Bernardo Bertolucci an am Kaméidisfilm Local Hero(1983) vum Bill Forsyth opgetrueden.