D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir.
Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
- 20. Mäerz 1800: Den Alessandro Volta informéiert d'Royal Society zu London iwwer eng vun him erduecht Stroumquell, där hire Prinzip als Volta-Sail bekannt gëtt.
- 02. Mee 1800: Dem Anthony Carlisle an dem William Nicholson geléngt et, Waasser mat Hëllef vun elektreschem Stroum a Waasserstoff a Sauerstoff ze splécken. Dëse Virgang nennt de Michael Faraday deementspriechend Elektrolyse.
- 07. November 1801: Den Alessandro Volta stellt der Ëffentlechkeet déi éischt Batterie vir.
- 26. Abrëll 1803: Bei L'Aigle an der Basse-Normandie reent et Steng vum Himmel. D'franséisch Akademie vun de Wëssenschaften muss duerno zougin, datt hiren Zweiwel un der ausserierdescher Existenz vu fréierem Meteorgestengs falsch waren.
- 01. September 1804: Den däitschen Astronom K. L. Harding entdeckt den Asteroid Juno.
- 21. Dezember 1806: Den Alexander von Humboldt erzielt eng éischt Kéier vun engem magnéitesche Stuerm.
- 10. September 1811: De Jöns Jakob Berzelius erfënnt d'Symbolschrëftweis fir cheemesch Elementer, wéi si och an der Zommeformel gebraucht ginn.
- 10. Mäerz 1814: De Joseph von Fraunhofer entdeckt zu Benediktbeuern déi sougenannt Fraunhoferlinnen (déi als donkel Sträifen am Sonnespektrum imponéieren).
- 09. Mee 1816: De Fransous Joseph Nicéphore Nièpce benotzt eng Camera obscura, fir Biller op Chlorsëlwerpabeier opzehuelen. Hie kann "d'Fotoen" awer nach net fixéieren.
- 1817: De Karl Drais mécht zu Mannheim déi éischt ëffentlech Faart mat där vun him erfonnter Draisinn (Virleefer vum Vëlo).
- 25. September 1820: De franséische Physiker André Marie Ampére entdeckt d'Gesetz iwwer Kraaftwierkungen tëscht Leederen duerch déi Stroum fléisst.
- 30. Abrëll 1822: Zu Rotherhithe/England gëtt dat éischt Dampschëff mat engem Stolromp gebaut.
- 26. Abrëll 1828: D'Gesellschaft fir Geographie zu Berlin gëtt gegrënnt.
- 01. Juni 1831: Den James Clark Ross entdeckt de magnéiteschen Nordpol op enger Fuerschungsfaart op de Kap Adelaide bei der Boothia-Hallefinsel a Kanada.
- 26. November 1832: Den éischten Tram vun der Welt geet zu New York City a Betrib.
- 07. Dezember 1835: Tëscht Nürnberg a Fürth hëlt d'Bayerische Ludwigsbahn, déi éischt däitsch Eisebunn, hire Betrib op. D'Streck huet eng Längt vu 6,05 km, fir déi déi 10 PS staark Lokomotiv mam Numm „Adler“ ronn 9 Minutte brauch
- 15. Mee 1836: De Francis Baily observéiert fir d'éischt de Pärelschnouerphenomeen bei enger Sonnendäischtert.
- 07. September 1837: De franséische Polarfuerscher Jules Dumont d'Urville fiert mat de Schëffer Astrolabe an Zèlée op de Südpol.
- 19. August 1839: De Louis Jacques Mandé Daguerre stellt säin neie fotografesche Prozess an der Paräisser Akademie vun de Wëssenschafte vir.
- 02. Abrëll 1845: Dem Armand Hippolyte Louis Fizeau an dem Jean Bernard Léon Foucault geléingt déi éischt Foto vun eiser Sonn. Si grënnen domat d'Astrofotografie.
- 23. September 1846: De Planéit Neptun gëtt vum däitschen Johann Gottfried Galle entdeckt.
- 10. Oktober 1846: De William Lassell entdeckt den Triton, de gréisste Mound vum Planéit Neptun.
- 13. August 1847: De John Russell Hind entdeckt den Asteroid Iris.
- 29. Juli 1851: Den Annibale de Gasparis entdeckt den Asteroid Eunomia an der Haaptasteroidenceinture vun eisem Sonnesystem.
- 24. Oktober 1851: Den Astronom William Lassell endeckt dem Planéit Uranus seng Mounden Ariel an Umbriel.
- 08. November 1853: Den John Russell Hind entdeckt den Asteroid Euterpe
- 05. August 1858: Den éischten transatlanteschen Telegraphekabel gëtt fäerdeggestallt. E funktionéiert awer nëmmen e Mount laang.
- 10. September 1858: Den George Mary Searle entdeckt den Asteroid Pandora.
- 12. November 1862: Den Asteroid (77) Frigga gëtt vum C. H. F. Peters entdeckt
- 26. Abrëll 1865: Den Annibale de Gasparis entdeckt den Asteroid 83 (Beatrix) an der Haaptasteroidenceinture.
- 18. August 1868: Bei der Beobachtung vun enger totalen Sonnendäischtert an Indien entdeckt den Astronom Pierre Janssen d'Element Helium.
- 05. September 1869: De Meteorolog James Glaisher a säin Pilot Henry Coxwell steigen an engem Ballon mat offener Kabinn bis op 11.300 Meter.
- 02. August 1870: Zu London gëtt d'Tower Subway, déi éischt Ënnergrondbunn vun der Welt, ageweit.
- 10. Oktober 1874: Den J. C. Watson entdeckt als Member vun enger China-Expeditioun fir e Venustransit z'observéieren, den Asteroid Juewa.
- 20. Mee 1875: D'international eenheetlech metrescht System gëtt etabléiert op enger vu 17 Staaten ageruffener Meterkonventioun ënnerzeechent.
- 18. Juli 1877: Dem Thomas Alva Edison geléngt fir d'éischt eng Tounbandopzeechnung op enger mat Stanniol bespaanter Stolwalz (Phonograph).
- 12. August 1877: De Marsmound Deimos gëtt vum Asaph Hall entdeckt.
- 18. August 1877: Den amerikaneschen Astronom Asaph Hall entdeckt de Marsmound Phobos.
- 03. Juli 1880: Den Thomas Edison grënnt d'Magazin Science.
- 07. Juli 1880: De Konrad Duden verëffentlecht säi Vollständiges Orthographisches Wörterbuch der deutschen Sprache. Et kënnt am Verlag Bibliographisches Institut zu Leipzig eraus.
- 30. September 1880: Dem Henry Draper geléngt déi éischt Foto vum Orionniwwel.
- 10. August 1881: Zu Paräis gëtt déi éischt international Elektrizitéitsausstellung gewisen. D'Gäscht si vun deene vum Thomas Alva Edison an dem Sigmund Bergmann entwéckelten Gléihluuten faszinéiert.
- 03. Abrëll 1885: Gottlieb Daimler léisst d'Motorrad dat en erfonnt huet, de sougenannte Reitwagen, patentéieren.
- 06. Juli 1885: De Louis Pasteur test erfollegräich säin Impfstoff géint Tollwut. De Patient ass de Joseph Meister, e Jong, dee vun engem tollwütegen Hond gebass gi war.
- 06. Februar 1886: De Clemens Winkler entdeckt e weidert cheemescht Element, dat hie Germanium nennt.
- 26. Juni 1886: De Fransous Henri Moissan produzéiert fir d'éischt Kéier renge Fluor.
- 22. Dezember 1891: De Max Wolf, e Grënner vun der Astrofotografie, fënnt als éischten Astronom e Klengplanéit (Asteroid) mat fotografesche Mëttelen.
- 09. September 1892: Den Edward Barnard entdeckt de Jupitermound Amalthea.
- 10. Mee 1893: D'Lokomotiv Nr. 999 vun der New York Central Railroad stellt mat 181 km/h en absolutte Vitessweltrekord fir 2'B-Lokomotiven op.
- 24. Mäerz 1894: Den Asteroid (390) Alma gëtt vum Guillaume Bigourdan entdeckt.
- 07. Mee 1895: De russesche Physiker Alexander Stepanowitsch Popow schafft fir d'éischt Kéier mat enger Dipolantenn fir den Empfank vun elektromagnetesche Wellen.
- 08. November 1895: De Wilhelm Conrad Röntgen entdeckt d'Röntgen-Stralen.
- 27. November 1895: Den Alfred Nobel schreift säi Testament a vermécht säi Verméigen enger Stëftung, déi haut d'Nobelpräiser vergëtt.
- 28. Dezember 1895: De Gustav Kaiser mécht zu Wien op sengem 24. Gebuertsdag déi éischt dräi Röntgen-Fotoe vun der Welt
- 28. Dezember 1895: Mat engem vun hinnen entweckelten Cinématographe weisen d'Bridder Lumière déi éischt ëffentlech Filmvirféierung zu Paräis.
- 24. Februar 1896: Frankräich. Entdeckung vun der radioaktiv Stralung vum Uran duerch de Physiker Antoine Henri Becquerel.
- 05. Mäerz 1896: Den Antoine Henri Becquerel entdeckt d'Radioaktivitéit vum Uran.
- 30. Abrëll 1897: De brittesche Physiker Joseph John Thomson entdeckt den Elektron.
- 10. August 1897: De Felix Hoffmann stellt déi éischt Kéier Aspirin hier.
- 18. Dezember 1897: Den Auguste Charlois entdeckt den Asteroid Hybris.
- 18. Juli 1898: D'Marie an de Pierre Curie informéieren iwwer d'Entdeckung vun engem neien Element, dat si Polonium nennen.
- 21. November 1898: De Pierre an d'Marie Curie entdecken zesumme mat dem Gustave Bémont de Radium
.