D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir.
Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
- 01. Juni 2000: De Franck Goddio, Frankräich, entdeckt am Mëttelmier virun der Küst vun Egypten d'Reschter vun enger Stad, déi ënnergaangen ass Herakleion.
- 11. Oktober 2000: D'Raumfär Discovery start vum Kennedy Space Center aus zum Fluch STS-92, der honnertster Missioun vun engem Space Shuttle.
- 07. Abrëll 2001: Vum Cape Canaveral start d'Marssond Mars Odyssey mat enger Delta II-Rakéit.
- 28. Abrëll 2001: Vu Baikonur start d'Sojus TM-32 op d'International Raumstatioun – mat u Bord den Dennis Tito, den éischte Weltraumtourist.
- 03. Juli 2002: Dem Steve Fossett geléngt et an dräizéng an en hallwen Deeg, fir d'éischt erfollegräich eleng mat engem Ballon ëm d'Welt ze fléien.
- 02. Juni 2003: Vun der kasachesche Weltraumgare Baikonur start d'Raumsond Mars-Express.
- 08. Juli 2003: De Start vun der Raumsond Opportunity fir d'geologesch Erfuerschung vum Planéit Mars verleeft erfollegräich.
- 21. September 2003: D'Missioun vun der amerikanescher Raumsond Galileo geet zu Enn duerch e kontrolléierten Ofstuerz op de Jupiter.
- 28. September 2003: De Start vun der éischter europäescher Moundsond Smart-1 mat Ionenundriff erfollegt zesumme mat dem indesche Kommunikatiounssatellit INSAT-3E souwéi Eutelsat-Satellit E-Bird vun der europäescher Weltraumgare Kourou a Franséisch-Guayana.
- 31. Oktober 2003: Entdeckung vum Zwergplanéit Eris.
- 15. Oktober 2003: D'Volleksrepublik China start d'Raumschëff Shenzhou 5 mat dem „Taikonaut“ Yang Liwei u Bord. China ass domat dat drëtt Land mat engem erfollegräiche bemannte Weltraumfluch.
- 25. Mäerz2004: D'ESA mellt, datt bis Enn 2005 Griicheland a Lëtzebuerg der europäescher Raumfaartorganisatioun bäitrieden.
- 30. Mäerz 2004: D'NASA- an d'ESA-Fuerscher entdecke Methan an der Mars-Atmosphär. Als Ursprong kommen ë. a. Vulkanismus, Meteoritten an och exobiologesch Liewensaktivitéiten a Fro.
- 08. Juni 2004: Um Himmel ze gesinn: Venustransit, e raart astronomescht Evenement.
- 21. Juni 2004: Mat SpaceShipOne gëtt den éischte private Weltraumfluch duerchgefouert. Den éischte privaten Astronaut ass de Michael Melvill.
- 01. Juli 2004: D'Raumsond Cassini-Huygens vun NASA an ESA kënnt no 7-järeger Rees an eng Ëmlafbunn ëm de Planéit Saturn.
- 08. September 2004: D'Raumsond Genesis fält an der Wüst vun Utah op d'Äerd, well de Bremsfallschierm net opgeet.
- 29. September 2004: Den äerdnoen Asteroid Toutatis zitt an nëmme véierfachem Moundofstand laanscht eis Äerd.
- 04. Oktober 2004: Ufank vum private Raumfluchzäitalter: SpaceShipOne gewënnt den Ansari X-Prize duerch den zweete Fluch iwwer 100 km Héicht an der Zäit vun zwou Wochen. Pilot bei dësem Fluch ass de Brian Binnie.
- 15. Oktober 2004: Um Mount Graham Arizona fänkt de Large Binocular Telescope säi Betrib un. Dësen Teleskop kann nach e Käerzeliicht op 2,5 Millioune km Distanz gesinn.
- 04. Juli 2005: D'NASA-Sond Deep Impact observéiert den Opschlag vun engem ofgeschossene Projektil um Koméit Tempel 1.
- 26. Juli 2005: Fir d'éischt start no 2,5 Joer nom Columbia-Ongléck mat der Discovery nees e bemannte Space Shuttle an de Weltraum.
- 29. Juli 2005: D'Astronome Mike Brown, Chad Trujillo a David Rabinowitz ginn d'Entdeckung vun um 5. Januar observéierten Objet 2003 UB313 bekannt, dee spéider als Zwergplanéit Eris bezeechent gëtt.
- 09. August 2005: De Space Shuttle Discovery kënnt vu senger Missioun aus dem Weltraum zeréck. Et ass déi éischt Landung vun engem Space Shuttle no der Katastroph vun der Columbia Raumfär virun zweeanhallef Joer.
- 03. Oktober 2005: Rankfërmeg Sonnendäischtert a Portugal, Spuenien an Afrika. Partiell Phase war och zu Lëtzebuerg ze gesinn.
- 12. Oktober 2005: Deen zweete bemannte Weltraumfluch vun der Volleksrepublik China, Shenzhou 6 ass gestart.
- 27. Oktober 2005: Vun der russescher Weltraumgare Plesetsk gëtt deen éischten europäesche Studentesatellit SSETI Express gestart. Den 01.November 2005 geet de Kontakt mam Mikrosatellit verluer.
- 04. Juli 2006: De Space Shuttle Discovery start mat dem éischten Däitschen Thomas Reiter e Fluch op d'International Raumstatioun (ISS).
- 03. Oktober 2006: Déi zwéin Astrophysiker John C. Mather an George F. Smoot kréie fir d'Ënnersiche vun der Hannergrondstralung de Physik-Nobelpräis.
- 04. Oktober 2006: Eng international Fuerschergrupp mellt d'Entdeckung vun ultrakurzperiodeschen Exoplanéiten, déi extreem Ëmlafperiode vun nëmmen 0,4 Äerddeeg hunn.
- 10. Oktober 2006: Franséisch Astronomen hu vun der Uewerfläch vum Zwergplanéit Ceres fir d'éischt Eenzelheete bis zu enger Gréisst vu 40 Kilometer erkannt a kartéiert.
- 26. Oktober 2006: Mat dem Hubble Teleskop konnt fir d'éischt d'Massentrennung an de Kugelstärekéip nogewise ginn.
- 26. Oktober 2006: Eng Delta-II-Rakéit start zwou STEREO-Sonnesonden. Vun hinnen erhoffe sech d'Wëssenschaftler, d'Ausbréch op der Sonn fir déi éischt Kéier raimlech z'observéieren.
- 05. November 2006: De Mars Global Surveyor huet de Funkkontakt zur NASA ofgebrach. De Grond, firwat d'Sond sech an de Stroumspuermodus versat huet, ass net bekannt.
- 30. Oktober 2006: D'International Astronomesch Unioun (IAU) deelt zu Paräis mat, datt d'Joer 2009 zum Internationale Joer vun der Astronomie erkläert gouf.
- 10. November 2006: De Satellit "Cassini" huet um Saturnsüdpol en hurrikanänleche Stuerm mat risegen Ausmosse gefilmt. D'A vum Hurrikan huet en Duerchmiesser vun 8000 Kilometer. D'Wolleke sinn 30 bis 70 Kilometer iwwer dem A vum Stuerm. De Stuerm dréit sech no riets, bleift awer op enger Plaz stoen.
- 14. November 2006: Eng amerikanesch Fuerschergrupp huet am Ëmkrees vun 33 Liichtjoer 20 onbekannt Rout Zwergstären entdeckt. Domat ass d'Zuel an deem lokale Beräich vu Stären op 348 gewuess.
- 20. November 2006: Bei der éischter zouverlässeger Miessung vun der Rotatiounsvitesse vun engem Schwaarze Lach sinn amerikanesch Fuerscher op en neie Rekord gestouss: GRS 1915+105 dréit sech 950-mol an der Sekonn a läit domat tëscht 82 an 100 Prozent vum theoreetesche Maximum.
- 21. November 2006: An der Galaxie NGC 1316, ronn 80 Millioune Liichtjoer vun eis ewech, gouf an der Zäit vun engem hallwe Joer déi zweet Supernova entdeckt. Schonn an de Joren 1980 an 1981 sinn d'Astronomen do op Stärenexplosioune gestouss. Domat waren an där Galaxie an nëmmen 26 Joer véier Supernovae virkomm, wat en neie Rekord duerstellt.
- 06. Dezember 2006: D'NASA gëtt bekannt, datt si op eelere Satellittefotoe vum Mars Global Surveyor vum Mars däitlech Hiwäiser op Waasser fonnt huet, dat do eréischt wärend de leschte siwe Joer gefloss ass.
- 12. Januar 2007: De Koméit McNaught, dee sech onerwaart zu engem helle Koméit entwéckelt huet, erreecht säi Perihel op senger Ëmlafbunn.