Ernest Borgnine | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ermes Effron Borgnino |
Gebuer | 24. Januar 1917 |
Gestuerwen |
8. Juli 2012 Cedars-Sinai Medical Center |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Offizéier, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Theaterschauspiller |
Partei | Republican Party |
Famill | |
Bestuet mat | Katy Jurado, Ethel Merman, onbekannt, onbekannt |
Den Ernest Borgnine, gebuer als Ermes Effron Borgnino de 24. Januar 1917 zu Hamden (Connecticut) a gestuerwen den 8. Juli 2012 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Den Ernest Borgnine huet a méi wéi 200 Kinos- an TV-Filmer matgespillt, dorënner From Here to Eternity (1953) vum Fred Zinnemann, Vera Cruz (1954) vum Robert Aldrich, Dirty Dozen (1967) vum Robert Aldrich, The Wild Bunch (1969) vum Sam Peckinpah a Convoy (1978) vum Sam Peckinpah.
Fir seng Roll am Film Marty krut hien 1955 en Oscar an 1956 e Golden Globe.