An der Haaptasteroidenceinture, och Planetoidenceinture oder Haaptceinture, sinn Asteroiden oder Klengplanéiten tëscht de Bunne vu Mars a Jupiter. Déi meescht Asteroiden oder Planetoiden an eisem Sonnesystem sinn an dësem Beräich ze fannen. Den totale Beräich vun den eenzelen Ëmlafbunne gëtt haut mat ongeféier 2,0 bis 3,4 AE uginn.