D'Internet (Ofkierzung fir Interconnected Networks) ass e weltwäiten Zesummeschloss vu Computernetzwierker déi op de verschiddensten Technologië berouen, an deen d'Benotze vun Internetdéngschter wéi WWW, E-Mail, Telnet, Usenet an FTP erméiglecht a sou der Kommunikatioun an dem Austausch vun Informatioun déngt. Dat Netz vun Netzer kënnt dem Benotzer awer wéinst enger komplexer Internet-Software, déi all Detailer verstoppt, als eenheetlecht homogeent Netz vir. Dofir gëtt och dacks vun engem virtuellen Netz geschwat.
Iertemlecherweis gëtt d'Wuert "Internet" dacks als Synonym fir de World Wide Web benotzt, deen awer just ee vu ville Servicer vum Internet ass.