Jack Elam | |
---|---|
Gebuer |
13. November 1920 Miami |
Gestuerwen |
20. Oktober 2003 Ashland |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Den Jack Elam, gebuer als William Scott Elam den 13. November 1920 zu Miami a gestuerwen den 20. Oktober 2003 zu Ashland war en US-amerikanesche Schauspiller.
Den Jack Elam war an iwwer 200 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.
Bedeitend Filmer an deenen hie matgespillt huet ware Rancho Notorious (1952) vum Fritz Lang, High Noon (1952) vum Fred Zinnemann, The Far Country (1954) vum Anthony Mann a Gunfight at the O.K. Corral (1956) vum John Sturges an C'era una volta il West (1968) vum Sergio Leone.