Jacques Sernas | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jurgis Šernas |
Gebuer | 30. Juli 1925 |
Gestuerwen |
3. Juli 2015 Roum |
Nationalitéit | Frankräich, Litauen |
Aktivitéit | Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Televisiounsmoderateur, Televisiounsschauspiller |
De Jacques Sernas, gebuer den 30. Juli 1925 zu Kaunas a Litauen, a gestuerwen den 3. Juli 2015 zu Roum, war e franséisch-litauesche Schauspiller dee seng Carrière haaptsächlech an Italien an a Frankräich gemaach huet.
Nom Doud vu sengem Papp am Joer 1926 ass hie mat senger Mamm op Paräis geplënnert.Am zweete Weltkrich war hien an der Resistenz. Hie gouf vun den Nazie verhaft an ass am KZ Buchenwald internéiert ginn.
Vun 1947 un, war hien an enger 100 Filmer ze gesinn dorënner ganz vill B-Filmer. Hie krut awer och Rollen a Filmer vu grousse Regisseure wéi Robert Wise, Federico Fellini, Nicholas Ray, Alberto Lattuada a Liliana Cavani.