An der Physik versteet een ënner der Liichtkraaft L déi pro Sekonn total ofgestraalt Energie, d. h. d'(Stralungs-) Leeschtung an alle Beräicher vum Spektrum. Si gëtt a Watt gemooss an an der Astronomie am Zesummenhang mat staarke Stralungsquellen an Eenheete vun der Sonneliichtkraaft uginn.
An der Astronomie ass d'Liichtkraaft eng Mooss fir d'Energieemissioun vun engem Stär a Form vun elektromagnetescher Stralung, déi vu senger Temperatur an dem Radius ofhänkt. Si gëtt an der ofgestraalter Energiequantitéit pro Sekonn uginn. D'Liichtkraaft vun der Sonn kann duerch d'Bestëmmung vun der Solarkonstant direkt gemooss ginn.