Moldavit

Moldavit aus Béimen
Moldavit aus Mieren
E geschlaffene Moldavit

Moldavitte si gréng, natierlech Glasobjeten, déi viru 15 Millioune Joer beim Aschlag vun engem grousse Meteorit (Ries-Evenement) am haitege Bayern entstanen a gréisstendeels am Gebitt vun der Tschechescher Republik erofgefall sinn. Sou Glieser, déi duerch e Meteorittenaschlag entstane sinn an iwwer wäit Distanzen transportéiert goufen, nennt een allgemeng Tektitten, d'Plaze wou der fonnt goufen, ginn als Streefelder bezeechent. Vun de weltwäit véier bekannten Tektitte-Streefelder formten d'Fonntplaz vun de Moldavitten dat sougenannte zentraleuropäescht Streefeld.


Developed by StudentB