Moyenne

Eng Moyenne trëtt an der Mathematik a besonnesch an der Statistik an inhaltlech ënnerschiddleche Kontexter op. An der Statistik ass d'Moyenne ee sougenannte Positiounsparameter (Iwwerbegrëff Parameter), also e Liaisounsparameter vun enger Verdeelung, enger Stéchprouf oder engem Grondtotal. Zil vun de Liaisounsparameteren ass et, déi wichteg Informatioun an enger längerer Rei vun z. B. Miessdaten a wéinegen Daten ze konzentréieren.

Allgemeng gëllt, datt jiddwer Moyenne als Basis een Algorithmus huet, mat deem een aus zwou Zuelen eng weider berechne kann, déi tëscht de béide benotzten Zuele läit.


Developed by StudentB