Musek, vum algriichesche μουσικὴ [τέχνη] mousikē [technē] „musesch [Konscht]“, iwwer dat laténgescht musica, ass dee Konschtgenre, dee sech mat Téin ofgëtt.
D'Téin ginn an enger Aart a Weis zesummegesat, déi d'Leit gär hunn oder interessant fannen. Déi meescht Musek gëtt vu Leit gemaach déi mat hire Stëmme sangen oder Museksinstrumenter spillen, wéi Piano, Gittar oder Tromm.
Musekalesch Téin sinn organiséiert duerch Rhythmus, Melodie oder Harmonie:
Et gëtt hautdesdaags eng Abberzuel vu Museksgenren: klassesch Musek mat Orchester, Volleksmusek, Pop, Rock, Heavy Metal, Blues, Jazz, Rap, Dance, Techno, fir nëmmen déi ze nennen.