Samuel Taylor Coleridge

Samuel Taylor Coleridge
Gebuer 21. Oktober 1772
Gestuerwen 25. Juli 1834
London
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Dichter, Philosoph, Theolog, Literaturkritiker, Kritiker, Schrëftsteller
Member vun Royal Society of Literature

De Samuel Taylor Coleridge, gebuer den 21. Oktober 1772 zu Ottery St. Mary, Devon, England a gestuerwen de 25. Juli 1834 zu Highgate, Middlesex, England, war en engleschen Dichter, Literaturkritiker a Philosoph.

Zesumme mat sengem Frënd William Wordsworth huet hien d'Romantik an England agefouert, an hie war e Member vun de Lake Poets. Zu senge bekanntste Gedichter zielen The Rime of the Ancient Mariner a Kubla Khan, an och säi Prosawierk Biographia Literaria ass wäit bekannt.

Seng Literaturkritiken, besonnesch iwwer de Shakespeare, haten e groussen Afloss, an hien huet dozou bäigedroen, déi däitsch idealistesch Philosophie am engleschsproochege Raum bekannt ze maachen.

Vill haut geleefeg Ausdréck a Phraseologië si vun him, dorënner d'suspension of disbelief (d. h. déi bewosst Akzeptanz vu Saachen, déi net méiglech sinn, fir eng Erzielung besser kënnen z'appreciéieren).

De Coleridge war säi Liewe laang mat Ängscht an Depressioune geplot, an och allgemenge Gesondheetsproblemer. Dës huet e mat Laudanum behandelt, soudatt en Opium-ofhängeg gouf.


Developed by StudentB