D'Spektralklass an der Astronomie ass eng Klassifikatioun vun de Stären nom Ausgesi vun hirem Spektrum.
D'System berout op der Entdeckung vum Joseph von Fraunhofer am Joer 1813, datt am Sonnespektrum donkel Absorptiounslinnen ze gesi waren. De Robert Wilhelm Bunsen an de Gustav Robert Kirchhoff hunn 1859 dunn entdeckt, datt déi Linne vun der Lag hier identesch si mat Emissiounslinnen, déi vu bestëmmte cheemeschen Elementer fortginn.
De Schluss louch no, datt dës Elementer och an der Sonn miste sinnn. D'Spektralanalys war gegrënnt. Nieft der Analys vu Materialien op der Äerd, konnten sou och Stärespektren analyséiert ginn.
Et besti follgend siwe Grondklassen an dräi Ënnerklassen:
Klass | Charakteristik | Faarf | Temperatur a K | Typesch Mass an M☉ | Beispillstären |
---|---|---|---|---|---|
O | Ioniséierten Helium (He II) | blo | 30000–50000 | 60 | Mintaka (δ Ori), Naos (ζ Puppis) |
B | Neutralen Helium (He I) Balmer-Serie Waasserstoff |
blo-wäiss | 10000–28000 | 18 | Rigel, Spicahalio |
A | Waasserstoff, Calcium (Ca II) | wäiss (liicht blozeg) | 7500–9750 | 3,2 | Vega, Sirius |
F | Calcium (Ca II), Optriede vu Metaller | wäiss-giel | 6000–7350 | 1,7 | Procyon, Canopus |
G | Calcium (Ca II), Eisen an aner Metaller | giel | 5000–5900 | 1,1 | Capella, Sonn |
K | Staark Metalllinnen, spéider Titanoxid | orange | 3500–4850 | 0,8 | Arcturus, Aldebaran |
M | Titanoxid | rout-orange | 2000–3350 | 0,3 | Betelgeuse, Antares, Stär vum Kapteyn |
Brong Zwerge | |||||
L | rout | 1300–2000 | VW Hyi | ||
T | rout (Maximum an Infrarout) | 600–1300 | ε Ind Ba | ||
Y | Infrarout | 200–600 | WISEP J041022.71+150248.5 | ||
Kuelestoffklass vun de roude Risen (soug. Kuelestoffstären) | |||||
R | Cyan (CN), Kuelemonoxid (CO), Kuelestoff | rout-orange | 3500–5400 | S Camelopardalis, RU Virginis | |
S | Zirkonoxid | rout-orange | 2000–3500 | T Camelopardalis, U Cassiopeiae | |
N | Kuelestoff | rout | 1900–3500 | R Leporis, Y Canum Venaticorum, U Hydrae |
Et huet sech agebiergert, d'Spektralklassen O bis A als fréi Spektralklassen, d'Spektralklassen F bis G als mëttel Spektralklassen an déi iwwereg Spektralklassen als spéit Spektralklassen ze bezeechnen. D'Bezeechnunge fréi, mëttel a spéit entstamen aus der iwwerliefter Meenung, d'Spektralklass géif eppes iwwer d'Entwécklung vum Stär aussoen. Trotz där falscher Andeelung sinn déi Bezeechnungen nach haut am Gebrauch.
D'Spektralklasse mat hire siwe Grondtyppen (O, B, A, F, G, K, M) maache ronn 99% vun alle Stären aus, woufir déi aner Klassen dacks vernoléissegt ginn. Als Mierksaz fir déi Spektralklassen déngt de Saz:
oder och
Follgend Klasse loosse sech net an d'Sequenz anuerdnen:
Q | Novae |
P | Planetareschen Niwwel |
W | Wolf-Rayet-Stär |
WN | Stéckstofflinnen |
WC | Kuelestofflinnen |
Ausserdeem ka Besonnesches am Spektrum duerch Zousätz erkenntlech gemaach ginn:
c | besonnesch schaarf Linnen |
g | normale Ris |
d | Zwergstär (Haaptrei; engl. dwarf) |
sd | Ënnerzwerg (engl. sub dwarf) |
w | Wäissen Zwerg |
n, nn | diffus Linnen |
s | schaarf Linnen |
e, em | Emissiounslinnen |
p, pec | Besonnesches bei Linnenintensitéit (engl. peculiar) |
m | staark Metalllinnen |
comp | zesummegesate Spektrum |
v, var | variabele Spektrum |
Deelweis ginn déi Zousäz duerch d'Deklaratioun vun der Liichtkraaftklass, déi 1943 vum William Wilson Morgan a Philip Keenan agefouert goufen (MK-System), iwwerflësseg. De Pickering huet am Joer 1890 ugefaangen, d'Klassifikatioun zesumme mat der Williamina Fleming, Antonia Maury an Annie Jump Cannon ze beaarbechten. Dobäi goung de Pickering alphabetesch vir an huet d'Klasse mat Groussbuschtawe vun A bis Z zortéiert.
D'Annie Jump Cannon stellt séier fest, datt d'Reiefolleg net sënnvoll war. No der Ofstufung koumen déi blo-wäiss liichtend, ganz waarm O-Stären no de rouden, relativ killen M- an N-Stären.
Weider huet sech heraus gestallt, datt e puer vun de Klassen nëmmen op Beliichtungsfeeler berout hunn, oder kee Sënn haten an dofir ewechfale konnten. D'Ofstufung gouf net méi vum Spektrum, mä vun der Stärentemperatur ofhängeg gemaach.
Éischt Versich, Uerdnung an d'Hellegkeet a bei den Temperature vun de Stären ze bréngen, hat am Joer 1865 den italieenesche Pater Angelo Secchi mat enger dräistufeger Skala ënnerholl an 1874 den Hermann Carl Vogel mat engem System, an dat och déi bis dohi bekannt Stärenentwécklungstheorien agefloss waren, wat zu stännegen Ännerunge gefouert huet.