Als Streefeld gëtt e Gebitt bezeechent, an deem sech Meteoritten oder Tektitten als Resultat vun engem Impakt verdeelt hunn. Och Satellitten, déi beim Neesantrëtt an d'Atmosphär zerbriechen, kënnen e Streefeld mat Stécker hannerloossen. Eng heefeg geometresch Form vum Streefeld ass déi sougenannt Streeellips. Si entsteet an aller Reegel, well e Meteoroid an engem Wénkel op d'Äerd trëfft an an der Atmosphär zerbrécht (fragmentéiert). Kleng Brochstécker hunn am Verhältnes zu der Uewerfläch eng méi kleng Mass a ginn dofir duerch de Loftwiderstand méi staark ofgebremst. Am Stéckerschwaarm bleiwen déi kleng Deeler zeréck a ginn am meeschten duerch de Wand beaflosst. D'Brochstécker verdeele sech an enger elliptescher Form, woubäi déi méi kleng Stécker am Ufank vun der Ellips falen, wärend déi gréisser Meteoritten d'Enn markéieren. Aus der Verdeelung vu Meteorittemassen an der Form vun der Streeellips kann d'Richtung an den Antrëttswénkel vum Meteoroid ongeféier rekonstruéiert ginn.