Tektitten (vum Griicheschen tektos - geschmollt) si bis zu e puer Zentimeter grouss Glasobjeten, déi zwar en ierdeschen Urspronk hunn, awer duerch den Aschlag vu grousse Meteoritten op der Äerduewerfläch entstane sinn.
Duerch den Aschlag gëtt ierdescht Material geschmollt a bis zu e puer honnert Kilometer fortgeschleidert, woubäi et zu Glas erstarrt. Tektitte si schwaarz oder gréngelzeg duerchsiichteg. D'Form variéiert vun aerodynamesch ronn, scheiwen-, drëps- oder hantelfërmeg bis onreegelméisseg.
Duerch d'Aart a Weis wéi s'entstinn, sinn d'Plaze wou Tektitte fonnt ginn, mat Aschlagkrateren associéiert. Sou ginn Tektitten déi an Tschechien fonnt ginn "Moldavitte" genannt, a mat dem Nördlinger Ries a Verbindung bruecht.
Bis elo si weltwäit eréischt véier Streefelder bekannt, wouvun der vun dräi hiren Urspronkskrater bekannt ass.
E puer Typpe vun Tektitten, gruppéiert no de véier bekannten ënnerschiddleche Streefelder:
Sou wéi den Obsidian goufen och Tektitte schonn virun en ettleche Joerdausende fir Gebrauchsgéigestänn, als Bijou a fir kultesch Zwecker gebraucht. Duerch Meteorittenaschléi ginn och sougenannt Impaktglieser produzéiert. Am Géigesaz zu den Tektitte gi se net ewechgeschleidert, mä bleiwen an der Géigend vum Krater.