Tiny Langers | |
---|---|
Gebuer |
29. Dezember 1896 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
5. Oktober 1929 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Veräin/Ekipp |
Jeunesse Esch, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1924, Olympesch Summerspiller 1920 |
Den Tiny Langers oder Martin Langers oder François Langers, gebuer den 29. Dezember 1896 zu Esch-Uelzecht, an do gestuerwen 5. Oktober 1929, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen an 1924 zu Paräis vertrueden.[2]
Tëscht dem 28. August 1920 am 11. November 1924 huet den Tiny Langers aachtmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss.[3]