D'Very Long Baseline Interferometry (VLBI) respektiv Laangbasisinterferometrie ass eng Method vun der Radioastronomie fir Miessunge mat héchster raimlecher Opléisung a Positiounsgenauegkeet ze maachen. Si hëlleft bei astronomeschen Observatioune a bei Ënnersichungen um Gebitt vun der Äerdmiessung.
Déi raimlech Opléisung vun engem Interferometer gëtt duerch d'Wellelängt an déi gréisst Distanz tëscht de bedeelegten Antenne bestëmmt. An normale Radiointerferometere ginn d'Signaler vun den eenzelen Antennen z. B. iwwer Welleleeder zesummegefouert an zur Interferenz bruecht. An der VLBI ginn dogéint d'Signaler vun den eenzelen Antennen zesumme mat ganz geneeën Zäitreferenze gespäichert a spéider rechneresch korreléiert. Doduerch ass et méiglech, Interferenzen iwwer interkontinental Distanzen oder souguer mat Antennen am Weltraum (Weltraum-VLBI) ze kréien.