Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Lampertsbierg |
Adress | 94, Avenue Pasteur |
Koordinaten | 49°37'21,4"N, 6°7'0,9"O |
Baustil | Bauhaus |
Architekt(en) | Hubert Schumacher |
Statut | Klasséiert Monument |
Datum vum Bau | 1929 |
Zweck | Wunneng, Atelier |
Neibau/Renovéiert | 2022-2023 |
D'Villa Kutter ass e Gebai an der Stad Lëtzebuerg, um Lampertsbierg an der Pasteur-Avenue, dat 1929 no Pläng vum Architekt Hubert Schumacher am Bauhaus-Stil als Wunnhaus an Atelier fir de Moler Joseph Kutter a seng Famill gebaut gouf. No ettlechen Ëmännerunge gouf et 2022-23 renovéiert an nees sou wäit wéi méiglech an den ursprénglechen Zoustand zeréckversat.
D'Villa Kutter gouf den 19. Juli 2018 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den Nationale Architekturierfschafte klasséiert.[1]