Waasser (H2O) ass eng cheemesch Verbindung aus den Elementer Sauerstoff (O) a Waasserstoff (H). D'Bezeechnung Waasser gëtt besonnesch fir de flëssegen Aggregatzoustand gebraucht. Am festen, also gefruerenen Zoustand, gëtt et Äis genannt, am gasfërmegen Zoustand Waasserdamp.