Wim Wenders | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ernst Wilhelm Wenders |
Gebuer |
14. August 1945 Düsseldorf |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmregisseur, Schauspiller, Fotograf, Dréibuchauteur, Universitéitsprofesser, Filmproduzent, Regisseur |
Member vun | Akademie der Künste der DDR, Akademie der Künste Berlin, Deutsche Filmakademie, WGA West, Directors Guild of America |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Isabelle Weingarten |
De Wim Wenders, gebuer als Wilhelm Ernst Wenders de 14. August 1945 zu Düsseldorf, ass en däitsche Filmregisseur a Filmkritiker.
Wichteg Filmer vum Wim Wenders sinn Lightning Over Water (1980), an deem hien déi lescht Méint am Liewe vum stierweskranken Nicholas Ray filmesch verschafft huet, an dann Der Himmel über Berlin (1987) an deem zwéin Engelen zu Berlin versiche verschiddene Mënschen ze hëllefen. Grousse Succès bei de Filmkritiker hat hien da mam dramatesche Roadmovie Paris, Texas. Säin Dokumentarfilm Buena Vista Social Club iwwer kubanesch Museker koum souwuel beim Public wéi bei der Kritik gutt un. Mam Film Pina, als Hommage un d'Dänzerin a Choreographin Pina Bausch geduecht, huet hie versicht, dem 3D-Film eng nei Dimensioun ze ginn.